Menu
Fermer
DE – Wat ass dann dran an där Virwëtztut? Lieft en iwwerhaapt nach? De Kabaret? Dee Politeschen? Kann en nach reaniméiert ginn, falls en nach net ze wäit fort ass. Oder ass e mëttlerweil un Altersschwächt agaangen? Vläicht gëtt et jo och schonn Nowuess? E puer Kregéiler/innen déi am Gaang sinn erop ze wuessen fir d‘Relève ze iwwerhuelen? Am Escher Theater gëtt de Kreessall scho mol präparéiert fir e puer kritesch Geeschter op d’Leit lass ze loossen. Well déi si batter néideg. Därer déi Saachen a Fro stellen, déi meckeren, déi de Mond oprappen an sech wieren an de Fanger op d’Wonn leeën. Mir duerfen op kee Fall de Politiker eleng de Cabaret iwwerloossen. Et duerf een natierlech scho mol laache kënnen am Kabaret awer ze vill komesch sollt en dach awer net sinn. Dofir ass d’Saach einfach ze Eescht.
En poursuivant votre navigation vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur.